← zréck op d'KV-Werkbank

Dateschutz

Dës Säit gehéiert der KreativSchmëdd S.à r.l., 32, Rue de Beyren, L-6931 Mensdorf, Lëtzebuerg, E-Mail office@kreativschmedd.com. Mir sinn zoustänneg fir d'Veraarbechtung vun denge Donnéeën op dëser Säit.

Bestellformular a Kontaktformular

Wat s du an ee vun de Formulairen agëss, schécke mir eis selwer per E-Mail an dir als Kopie. Mir benotzen deng Donnéeë just, fir deng Bestellung auszeféieren oder deng Fro ze beäntweren. Bei enger Bestellung behale mir d'Donnéeë sou laang, wéi d'Steier- an Handelsrecht et verlaangt.

Keng Reklamm, keen Tracking

Dës Säit setzt keng Reklamms- oder Analyse-Cookien an a bënnt keng friem Servicer an. Fir d'Formulairë virum Spam ze schützen, leet d'Säit en technesch néidegt Sessiouns-Cookie un, dat beim Zoumaache vum Browser ofleeft. Wiels du eng Sprooch, mierkt d'Säit sech deng Wiel fir ee Joer an engem Cookie.

Deng Rechter

Du kanns zu all Moment Auskunft iwwer deng gespäichert Donnéeë froen, se korrigéieren oder läsche loossen an der Veraarbechtung widderspriechen. Schreif eis dofir einfach op office@kreativschmedd.com. Du hues ausserdeem d'Recht, dech bei der Dateschutzautoritéit ze beschwéieren, zu Lëtzebuerg bei der Commission nationale pour la protection des données (CNPD).