Bei eis net.
Eemol bezuelen, alles dran.
Webshop, Rechnungen a Comptabilitéit an engem Programm. Alles zesummen 199 €, keen Abo. Webshop, Rechnungen oder Comptabilitéit gëtt et och eenzel, scho vu 49 € un.

Stell dir eng Werkbänk vir. Do läit alles bei der Hand, wat s du fir deng Firma oder däi Veräin brauchs: däi Webshop, deng Rechnungen, deng Clienten, deng Artikelen an deng Belegen. Alles op engem Dësch, an alles hänkt zesummen.
Wann een am Shop bestellt, steet de Client schonn dran, d'Rechnung ass fäerdeg an de Stock stëmmt. Du muss näischt duebel aginn.
All Beräich huet säin eegent Strichmännchen, dat weist, wat do geschitt.
Sou gesäit deng Werkbank vu bannen aus. Klick dech duerch, sou wéi s du spéider selwer schaffs.
Clienten, Bestellungen, Ëmsaz an alles, wat op ass. Gëtt en Artikel knapp, seet d'Werkbank dir Bescheed.

All Bestellung mat Status, Rechnung a Versand. Bezuelt, verschéckt, erleedegt, du gesäis et op ee Bléck.

Wat op ass, wat fälleg ass, wat iwwerfälleg ass. D'Bezuelungserënnerung schécks du mat engem Klick.

Eroplueden, fäerdeg. D'Werkbank weist dir, wat s du nach bezuele muss a bis wéini.

Kontoauszuch vun der Bank aliesen, d'Werkbank erkennt Rechnungen, Bestellungen a Liwweranten. Du setz nëmmen nach den Haken.

All Recette an all Ausgab mat Beleg, Quittung vum Handy a Keessesturz. Fir de Maart, de Buttek oder d'Veräinsfest.

Deng Firmendaten si schonn dran. Gestalten, späicheren a bei KreativSchmëdd drécke loossen.

Eng erfonnte Musterfirma, sou wéi se an der Werkbank ausgesäit. All Nimm an Zuelen sinn erfonnt.
Net nëmmen de Shop. Déi ganz Werkbank schwätzt Deutsch, Français, Lëtzebuergesch an English. A jidderee kritt seng Sprooch: du, däin Team an all eenzele Client.
Déiselwecht Rechnung, véier Sproochen. Ënne riets de QR-Code fir d'Iwwerweisung.



Däin eegene Shop, op denger eegener Websäit. Ouni monatlech Gebühr an ouni Ofgab op all Verkaf.



Fir alles, wat net iwwer de Webshop leeft: Offeren, Optreeg a Rechnungen, déi s du selwer schreifs. Ouni Word, ouni Comptablessprooch.
Vun der Offer zur Rechnung mat engem Klick. Alles gëtt iwwerholl, näischt tipps du duebel.
Eng Rechnung vun der Musterfirma, automatesch aus der Bestellung, am eegenen Design.
D'Rechnunge vun denge Fournisseuren, op enger Plaz. Einfach eroplueden, fäerdeg.
Analyse: Ëmsaz, Visiteuren, beléifsten Artikelen, Clienten a Versand, fir haut, de Mount, de Quartal oder d'Joer.
Deng Drécksaache mat denge Firmendate gestalten an direkt bei KreativSchmëdd drécke loossen. Gratis dobäi, du bezils nëmmen, wat s du dréckst.
Och däi Veräin kritt seng Werkbank. Mat allem, wat e Veräin brauch, a bei all kaafte Modul gratis derbäi.

En erfonnte Musterveräin, sou wéi en an der Werkbank ausgesäit.
Deng Werkbank leeft op dengem eegene Webspace. Kee friemen Déngscht liest mat, keng Plattform ka dir de Stecker zéien.
Umeldung mat Code: D'Passwuert eleng geet dann net méi duer.
Brauchs du méi, schalts du et derbäi. All Modul eemol bezuelt, fir ëmmer.
Partner recommandéieren däi Shop mat engem perséinleche Link a verdénge bei all Verkaf mat.
Kënschtler an Hiersteller, déi deng Wierker op TikTok oder Instagram weisen, kréien en eegene Code an e Verkafsbonus.
Schreif denge Clienten, wann et eppes Neies gëtt. Mat engem proppere Ofmeldlink an Noweis, wien wéini zougestëmmt huet.
Néng kleng Spiller mat de Strichmännercher, matzen an der Werkbank. Déi ass jo op, also mengt däi Chef, du schaffs. Mir verroden näischt. A wann s du selwer de Chef bass: Du hues der se verdéngt.
Du hëls nëmmen, wat s du brauchs. All Präis gëllt eemol a fir ëmmer.
| Webshop | 69 € |
| Rechnunge schreiwen | 49 € |
| Comptabilitéit | 49 € |
| Partnerprogramm | 29 € |
| Creator-Bonus | 19 € |
| Newsletter | 5 € |
| Installatioun, wann s du et net selwer ariichte wëlls | 99 € |
| Eegent Design an Designwënsch | no Ofsprooch |
All Präisser netto, zouzüglech TVA. Du brauchs nëmmen däin eegene Webspace. Mir recommandéieren dir gär e passenden Ubidder, op deem alles sécher leeft.